Réicht viru Kuerzem sinn ech op e Spill fir den Nintendo DS, eng Konsol déi wéi ech fannen, extrem ënnerschat ass, gestouss dat mëch op ganzer Linn iwwerzeecht huet. Ech schwätzen hei vun Last Window vum japaneschen Entwëckler Studio Cing.
Et spillt een den 34-jährege Ex-Polizist Kyle Hyde deen sech an enger schier ausschiichtsloser Situatioun befënnt. Hien krut grad vun der Firma RedCrown, déi vun baussen eng ganz normal Liwwerfirma ass awer intern Kontakter mat der Mafia huet fir déi sie Obträg ausféiren muss, gekënnegt. Dat ass awer nëmmen d'Spëtzt vun Eisbierg: Sou kritt hien spéider an engem Bréif matgedeelt dat deen Appartment Block wou hien wunnt soll oofgerass gëtt. A sengem Zëmmer ukomm wou hien alles fir ze plënneren firbereede wëll, mierkt hien dat een him e Bréif an den Türschlitz gestach huet deen him seet : " Fann de Scarlet Star deen virun 20 Joer hei verschwonnen ass". Eng spannend Rätseljuergt fänkt un.
Beim Spill handelt et sëch am Fong ëm een interaktive Krimi. No Indice sichen, mat Leit schwätzen a Rätsele léisen. D'Konzept wéi een mat de Personnagen am Spill interagéiert kennt een schon vun aanere Spiller wéi zum Beispill L.A. Noire, wou een aus verschidden Äntwertméiglechkeeten wiele kann , eng Änwert vun sengem Gespréichspartner unzwéiflen oder gleewe kann. Et huet een zwar d'Méiglechkeet mat verschiddene Kombinatioune weiderzekommen, allerdengs kann een doduerch keng alternativ Spillverleef erzeugen : D'Spill huet nëmmen een Ënn, ganz anescht wéi bei Spiller wéi Heavy Rain déi sech och an der Kategorie vum interaktive Krimi, dofir awer net an där vum Point-and-click Adventure anuerdne loossen. Zëchen de gudd-geschriwwenen Dialoger muss een och e puer Rätsel léisen déi vum fannen vun dem Zëmmerschlëssel iwwert e Puzzle bis zum knacke vun engem Kombinatiounsschlass reechen. Um Ënn vun all Spilldag ginn e puer Froe gestallt fir ze prüfen op de Spiller d'Geschicht och verstaanen huet. Dës Oofeiesslung vun de Spillelementer léisst "Last Window" net langweileg ginn.
Wat d'Grafik ugeet sou huet d'Spill säin ganz eegene Stil. D'Personnagen déi sech ëmmer um uewere Bilschirm befannen an wou sech och d'Dialoger oofspillen , sinn als animéiert Bléistëftzeechnung duerstallt während sie sech selwer an engem 3-dimensionale Raum gefannen. Dës Variatioun mëcht d'Spill zu engem richtegen Erliefnëss.
Eenzege Manko ass d'Steierung. Dës ass nämlech oft zimmlech ongenau obschonns een de Styluspen benotzt. Och d'Art wéi een sech an engem Raum ëmkuckt ass realtiv ongënschteg gewielt ( Schieberegler).
Zwar huet d'Spill keng Tounausgab déi d'Personnage schwätze loosse géif, dofir verfügt et awer iwwert een fantasteschen, atmosphäresche Soundtrack.
Insgesamt léisst sech soen dat "Last Window" zwar bei Weitem nët dat bescht Spill fir den Nintendo DS ass, allerdengs mat ville klengen Extras, der fantastescher Geschicht an de grandiosen Dialoger souwéi dem flotten an neiartegen Grafikstil ze iwwerzeege wees.
(Bewertung: * * * * * * * * /10)
Bewertung ass nëmmen fir de jeweileg Konsol/System relevant an bezitt sëch net op dat gesammte Spillsortiment)
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen